Autres compétences communales
Doheem
Localité
Mamer
Localisation du projet
Mamer
Description du projet
Merci Villmools fir di flott Initiative.
Hei ass meng Iddi (a mäin Dram)
E grousse Gaart an Héichbeeter mat Geméiss an Oubst (eventuell och Zären fir de Wanter)hei zu Mamer. Vläicht no beim Altersheem am Park. Dat Geméiss an Oubst gëtt verkaaft eventuell och sous Form vu Gebees, Geméiszoppen,Taarten, Gromperepurée, fermentéiert Oubst a Geméiss. U Privatleit, Restaurants, Geméisbuttiker, Maart… D’Leit di sech em de Gaart an Héichbeeter këmmeren,an di d’Gemeiss an d’Oubst verschaffen, sinn um Benefice bedeelegt. Si kréichen eng kleng Pai dobäi, vum Staat subventionéiert mat eventuell der Gemeng Mamer zesummen, (och d’Pensionären, di en Deel vun där Pai kënnen an d’Pensiounskees vun hirer Kanner abezuelen an dat dann deeleis nees vun de Steiere kënnen ofsëtzen). Wann de Betrib bis rullt, kënnen di kleng Paiën erofgesat ginn oder suguer ganz ewech falen.
An enger zweeter Phas kéint e klenge Restaurant opgemaach ginn, wu di verschaffte Produiën iwwer Mëtteg zerwéiert ginn als ganz einfach Molzeechten zb Geméiszopp. Bouneschlupp oder Zaloten mat gekachte Gropmeren oder eng Portioun gekachtent Geméiss, wat liicht mat Produiën(di net aus dem Gaart sinn wi engem Schnaz Botter, enger Schlupp Ram) verfeinert ka ginn. Gesond Fastfood souzesoen. Evenuell kënne fräilafend Hénger mat dobäi kommen, da steet um Menu nach eng gutt Omelette oder e Spigelee. Eventuell kéint een deen en oder anere Bauer froen wa se Zäit hunn, fir verschidde Produiën ze liwweren.
Jonk Leit , Schüler zum Beispill kréichen esou Geleegenheet fir sech gesond ze ernieren wa se keng Loscht hunn fir an d’Kaninn iessen ze goen a kréichen de Goût u frëschem Oubst a Geméiss. Si giffen de Bezuch zu natierlechen Produiën an hirem Ubau nees oder nei entdecken. D’Gefill vun Zesummegehéieregett an der Gemeng giff developpéiert ginn duerch nëtzelech a produktiv Aktivitéiten, di zousätzlech och nach e klénge finanziellen Ureiz giffe mat sech bréngen. Gesond Zäit an der Natur verbréngen mat Beweegung an der frëschder Loft an dat ënnert Mënschen, di sech kenneléieren oder vu Gesinn oder och besser kennen. Verschidde Leit giffen sech och em den administrativen Deel këmmeren. (Comptabilitéit, Gestioun vun den Aarbéchtspläng a vun der Aarbéchtszäit…) Eventuell eng kleng « Direktioun » obstellen, di d’Subervisioun mécht.(mat Léift an Empathie) Dat giff bestëmmt flott ginn. Vläicht de Projet emol als Zweejoer Projet ukënnegen an da Bilanz zéien a Verbesserungen ubréngen. An am schlëmmste Fall ganz astellen. Jo, et wäerte vläicht kléng Bëlezen an Téische ginn…mee d’Erënnerung un eng flott Expérience giff an onsen Häerze bleiwen,
Merci nach eng Kéier fir di flott Iddi vun der Gemeng Mamer
Elisabeth Faber
Montant estimatif du projet
70000 €